Well mir Personalmangel hun, kenne mir ab September 2022 op eng länger Zait keng Gebuertsdeeg méi um Haff ubidden.
Merci fir Verständnis
En raison d'un manque de personnel, à partir du Septembre 2022 nous ne pourrons plus proposer d'anniversaires pour enfants pendant longtemps
De wichtegsten a schéinsten Dag fir ee Kand an engem Joer ass säi Gebuertsdag.
Schenkt ärem Kand een besonneschen Gebuertsdag um Bauerenhaff mat vill Déieren, flott Erliefnesser, Spill, Spaass an vill Bewegung.
An engem 2,5 Stonnen Oflaf erwaart Kanner een schéinen Programm !!!
Feieren kennt Dir bei eis emmer:
- Dënschtes an Donneschtes mettes vun 14 -16:30 Auer
- Samstes vun 10 – 12:30 Auer oder 14 – 16:30 Auer ab Januar 2021--> 9:30-12:30 oder 10-13 Auer awer ouni Mettegiessen
- Sonndes ass keen Gebuertsdag méiglech , den Dag ass den Haff zou
Um Programm steet fest all Keier:
- Mir gin all eis Déieren besichen, Kanner kennen sie upaacken,heemlech an och fidderen
- Een Tour mam Pony
- Eng Schatzsuche iwwert de Bauerenhaff an uschléissend op der Scheier austoben
- Gedrénks as inklu
Informatiounen die Dir nach wessen musst fir dass de Gebuertsdag gelengt:
- De Mindestalter ass 4 Joer
- Zuel vu Kanner: Lo an der COVID Zäit max. 12 Kanner an 3 Erwuessen dierfen bleiwen
- Den Kuch muss Dir selwer matbréngen aktuel dierfen keng Kärzen ausgeblosen ginn
- Mir dulden keen Alkohol
- Wann dir Deko matbréngt, déi musst dir erem mathuelen a selwer entsuergen