Ouschtervakanz 2021

                                                                               Ouschtervakanz

 

Mir bidden och dëst Joer rem flott Aktivitéiten fir Kanner an der Vakanz un. (ouni Elteren). 
                                             Tema dest Joer ass  " BEIEN"
Mir sinn vill dobaussen an mir passen eis un sanitär Moossnahmen un.

Kanner kennen wei emmer moies ab 8 Auer kommen dann ass den Acceuil bis 9 Auer. Duerno drénke mir zesummen Kaffi an dann starte mir de Programm.
Natiirlech ginn mir och eis Déieren all besichen an fidderen. Mir iessen zesummen mat den Kanner zu Mëtteg an géint 16 Auer kennt dir Kanner nees ofhuelen.

Datumer :

07.04 - 09.04 --> Fir Kanner am Alter vun 3 - 6 Joer  ausgebucht

12.04 - 14.04 --> Fir Kanner am Alter ab 6 Joer  ausgebucht

Natiirlech kann et och duerch aus meiglech sinn, dass mir weint dem COVID d´Aktiviteiten mussen kuerzfristeg annuleieren. 
Sidd dir interesseiert da mellt Iech bei eis un entweeder iwwert de Kontaktformular oder email Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!