Fräizäitprogramm um Bauerenhaff A-Schmatten

Säit e puer Joer bidde mir monatlech Aktivitéiten un fir Elteren (Mamm, Papp, Bomi oder Bopi,....) mat Kanner un. Aus eegener Erfahrung hu mir raus fonnt wei flott et ass wann Kanner de Kontakt zu Déieren hunn.

Sie léieren Courage a Respekt ze hunn . Sie kréien Chance aktiv därfen mat ze schaffen, riesen Spaass an eng Verantwortung vis a vis vun eisen Déieren ze hunn. Eis Déieren mussen all Dag gefiddert an och mol gemëscht ginn,d’Eeër mussen opgeraf ginn,… an do sinn all Kanner herzlech agelueden mat ze hellefen och wann et net emmer perfekt ass

Waat bidde mir un ? 

Mir bidde verschidden Altersgruppen un wou een Elterendeel sech mat dem Kand kann umellen:

                   Krabbelgrupp 1 - 3 Joer Moies

                   Krabbelgrupp 1 - 3 Joer Mettes

                       Grupp 3 - 5 Joer

                 Geschwestergrupp 1 - 4 Joer

                  Geschwestergrupp ab 3 Joer

                  Werkelkinder ab 4 an t'haleft Joer ( dese Grupp ass ouni Elteren)

 

Je no Alter kommen all Mound Gruppen entweeder eng Stonn oder méi bei eis op den Haff.

- Mat de Kanner am Alter vun 1 - 3 an 1 - 4 Joer sinn mir haptsächlech bei den Déieren um Haff, mir léieren Sie kennen, fidderen Déieren, fueren mat den mini Trakteren, ...

- Mat de Kanner am Alter vun 3 Joer uns also 3 - 5 Joer an de Geschwestergrupp ab 3 Joer maache mir monatlech eng flott Aktivitéit an uschléissend gi mir eis Déieren fidderen.

  • Werklekinder sinn alleng bei eis um Haff, also ouni hier Elteren , mir sinn een Nomëtteg pro Mound zesummen a maachen flott Aktiviéten zesummen um Haff.

 

Wéini fannen d'Aktivitéiten statt ?

D'Aktivitéiten fannen Denschtes an Donneschtes statt. Moies bidde mir jeweils just ee Grupp 1 - 3 Joer an Mettes fannen dann all dei aaner Aktiviteiten statt. All Datumer an d'Auerzäiten fann dir an den jeweils uewen geschriwe Gruppen. (einfach drop klicken)

 

Wéi mellt een sech un ?

Kuckt Iech dei verschidde Gruppen un an dann maacht dir eng Mail op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Dann kritt dir ee Formular vun eis gescheckt den dir eis ausfëlle musst an endweder per mail oder post zereck scheckt. wann mir den dann hunn ass är Umellung kofirméiert.