Geschwester ab 3 Joer

Mir bidden monatlech Aktivitéiten un wou jeweils een Elterendeel, Bomi oder Bopi, ... mat dem Kand kann op den Bauerenhaff kommen.

Well an desem Grupp Geschwester kommen, ass et hei erlaabt dass pro Kand een Erwuessenen kann mat kommen.

Zesummen gi mir eis Déieren ukucken. Am Ufank wärt alles nach ganz mat Opreegung an Angscht zesummen hänken an Kanner wëllen alles mat eneen gesinn, mee vun Kéier zu Kéier gëtt et besser an Kanner trauen sech Déieren un zepacken, op de Schouss ze huelen an ze fidderen.

Waat maache mir an dësem Grupp?

 An desem Grupp bidde mir all Mound een aanert Tema un. Mat dem Tema wärte mir eis ongefeier gudd eng 3/4 bis 1 stonn bescheftegen an duerno gi mir bei eis Déieren odr Kanner kennen mat den klengen Trakteren fueren oder opt Scheier an den Tunnel spille goen.

Wei eng Temen sinn et:  Et sinn ganz verschidden Temen mol kann et een Déier vum Haff sinn iwwert daat mir zesummen schwetzen, eng Geschicht, en Ausflug mam Trakter op Feld, de Gaart,...

Op alle Fall gidd dir nach doriwer informeiert waat all Keiers usteet.

Wéini sinn d' Aktiviteiten ?

Denschtes an Donneschtes Mettes vun 14:00 - 15:30

Denschtes Mettes                    Donneschtes Mettes

 24. September 2019               26. September 2019
 15. Oktober 2019                    17. Oktober 2019
 12. November 2019                14. November 2019
 14. Januar 2020                      16. Januar 2020
 11. Februar 2020                     13. Februar 2020
 10. März 2020                          12. März 2020
 21. Abrell 2020                         23. Abrell 2020
 12.Mee 2020                            14. Mee 2020
 16. Juni 2020                            18.Juni 2020

 

Umellen:

Umellen kennt dir Iech direkt hei um Site oder iwwet E-Mail bei Christine:  Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Dir kritt dann ee Formular gescheckt den dir ausgefellt musst zereck schecken. Wann mir den hunn gett d' Umellung konfirmeiert.

Informatiounen kritt dir och um 26 35 09 30