Krabbelgrupp 8-18 Méint mettes

Dësen Grupp ass NEI.
An dësem Grupp kennen déi Kanner kommen, wou nach net kennen dabberen respektiv just ugefangen hunn an awer nach vill vun den Erwuessenen mussen gedroen oder gefouert mussen ginn.                                                                            

Waat maache mir an dësem Grupp?

Zesummen gin mir bei eis Déieren ukucken. Well et ganz kleng Butzen sinn an jiddereen ennerschittlech ass  huelen mir eis och ganz vill Zäit an ginn vun Stall zu Stall. Mir hunn ganz vill verschidden Déieren ( Kannengescher, Schof a Geessen, Pony an Iesel bis hin zu den Hénger, Inten an den KéI) an dëst entdecken mir zesummen mat den Kanner. Losst Iech iwwerraschen.

Waat soll oder kennr dir mat bréngen ?

Kuckt emmer bessen wei Wieder dobaussen ass an dot Kand dem Wieder entspriechend un. Wann ärt Kand nach een Snack hëllt em déi Auerzäit dann kennt dir daat alles roueg matbrengen. Et ass och méiglech dei ganz aktiviteit mam buggy ze maachen :)

Wéini sinn d' Aktiviteiten an wei lang?

Monantlech fënnt d'Aktivitéit statt.
Et ass mol 1 Stonn geplangt, mee mir gesinn wann Kanner seier midd ginn kann et och op eng 3/4 stonn fallen. Mir versichen ganz flexibel ze bleiwen.

Vun 16 - 17 Auer

        Denschtes mettes

         29. September 2020
         20. Oktober 2020
         24. November 2020
         19. Januar 2021
         23. Februar 2021
         16. März 2021
         20. Abrëll 2021
         11. Mee 2021
         08. Juni 2021

Wann dir Froen hutt kennt dir Iech mellen um 26 35 09 30 an Umellen am beschten iwwert Mail Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! oder iwwert den Kontaktformular hei um Internet