Zenter 2005 hun mir Diiren obgemach fir de Public, et kommmen regelmässig Schoulklassen, Foyeen, Maison-relais, Crèchen, Altersheimer asw. ob den Haff. Et mecht nach emmer esou vill Freed a mir sinn frou wann Erwuessenleit a d´ Kanner e schéinen Dag ob eisem Baurenhaff hatten, frou a gudd gelaunt heem ginn a soen et war cool mir kommen erem.
de Jos an d´Apolline
de Fränk an Christine
Begréissen Iech um Haff.
Mir hun e Familienbetrieb, hei schaffen 2 Generatiounen, de Jos an d´Apolline, de Fränk an Christine.
De Betrieb besteht aus Mëllechwirtschaft, Mutterkouhaltung, an Maschtvéih.
Grengland: Weeden a Wissen fir Fudder (Silo, Hee)
Ackerland: Mais, Raps, Wees, Gescht, Gromperen