Fir Schoulklassen:

Mir mussen emmer méi feststellen, dass eis Kanner an och die Erwuessen net mei vill vun eiser Landwirtschaft wëssen oder et geet falsch vermettelt.

Vill wëssen guer net méi weivill Zitzen eng Kou huet, vun wou Mëllech hier kennt ??

Wéieen Déier leet Eeër an waat kréien all die Déieren iwwerhaat ze iessen??

Wann et nemmen bei dësen Froen géng bleiwen…!! mee et ginn der nach ee ganzen Koup.

Fir Iech dëst Verhältnis an daat Wessen vun eiser Landwirtschaft ze stärken oder einfach nemmen nei ze vermëttelen, maache mir eis Diiren op fir Iech. Mir bidden Iech iwwert Ganzt Joer flott Themen un an wëllen Iech Chance ginn aktiv därfen mat ze schaffen,riesen Spaass an eng Verantwortung vis a vis vun eisen Déieren ze hunn. Eis Déieren mussen all Dag gefiddert an och mol gemëscht ginn,d’Eeër mussen opgeraf ginn,… an do sinn all Kanner herzlech agelueden mat ze hellefen.

Wéini sinn Visiten um Haff

  • Ganzt Joer iwwer vun Méindes bis Freides
  • Een halwen Dag
  • Een Ganzen Dag (hei kennt dir auswielen mat Mëttegiessen oder dir bréngt een Picknick mat)

Waat bidde mir Iech Visiten un?

  • Besichen, Fidderen a Mëschten vun all eisen Déieren
  • Wéi entsteet eng Gromperen a wou wuessen déi
  • Äppelzäit ass Vizzäit
  • Mir maachen Boxemännercher
  • De Wee vun der Mëllech
  • D’Hénger an hier Eeër
  • Wou kennt Woll hier
  • Vum Kär zum Brout
  • Wéi geet Eisen an der Schmëtt geklappt