Fräizäitprogramm um Bauerenhaff A-Schmatten

                                                     Joeresaktivitéten um Haff A-Schmatten

 

Des Aktivitéiten fannen 1x am Mound emmer an der selwegter Grupp statt. Kanner kréien Chance aktiv därfen mat ze schaffen, riesen Spaass an eng Verantwortung vis a vis vun eisen Déieren ze hunn. Eis ass et wichteg den Kanner den Bauerenhaff mat sengen Aarbeschten mei no ze bréngen. Kanner kennen spilleresch villes iwwert den Bauerenhaff kennen léieren an och aktiv un den Aarbeschten deel huelen. Et kann mat geschafft gin, bei den Gromperen rafen, Viz pressen, Deiren fidderen an meschten. Dann kommen sou Temen op wéi vun wou kennt Woll, Mellech, Eer an och Brout. Iwwert ganzt Joer versichen mir no Joereszait eis Aktiviteiten un ze passen.

Waat bidde mir un ? 

Mir bidde verschidden Altersgruppen un wou eng Begleetpersoun sech mat dem Kand kann umellen:

                   Lämmecher 1 - 4 Joer Moies ( eng Begleedung)

                   Jippelcher 1 - 4 Joer Mettes ( eng Begleedung)

                       Pony 3 - 6 Joer ( eng Begleedung )

                  Wichtelkinder ab 4,5 Joer ( Kanner ouni Elteren)

- Mat de Kanner am Alter  1 - 4 Joer sinn mir haaptsächlech bei den Déieren um Haff, mir léieren Sie kennen, fidderen an heemlen Déieren, fueren mat den mini Trakteren, ...

- Mat de Kanner am Alter vun 3 Joer uns also 3 - 6 Joer  maache mir monatlech eng extra  Aktivitéit bezüglech zum Haff an uschléissend gi mir eis Déieren fidderen.

  • Wichtelkanner sinn alleng bei eis um Haff, also ouni hier Elteren , mir sinn een Nomëtteg pro Mound zesummen a maachen flott Aktiviéten zesummen um Haff.

Wéini fannen d'Aktivitéiten statt ?

D'Aktivitéiten fannen Denschtes an Donneschtes statt. Moies bidde mir jeweils just ee Grupp 1 - 3 Joer an Mettes fannen dann all dei aaner Aktiviteiten statt. All Datumer an d'Auerzäiten fann dir an den jeweils uewen geschriwe Gruppen. (einfach drop klicken)

 

Wéi mellt een sech un ?

Kuckt Iech dei verschidde Gruppen un an dann maacht dir eng Mail op  iwwert den Kontaktformular oder What´s app 621 39 26 70 

 

Fir Schoulklassen:

Mir mussen emmer méi feststellen, dass eis Kanner an och die Erwuessen net mei vill vun eiser Landwirtschaft wëssen oder et geet falsch vermettelt.

Vill wëssen guer net méi weivill Zitzen eng Kou huet, vun wou Mëllech hier kennt ??

Wéieen Déier leet Eeër an waat kréien all die Déieren iwwerhaat ze iessen??

Wann et nemmen bei dësen Froen géng bleiwen…!! mee et ginn der nach ee ganzen Koup.

Fir Iech dëst Verhältnis an daat Wessen vun eiser Landwirtschaft ze stärken oder einfach nemmen nei ze vermëttelen, maache mir eis Diiren op fir Iech. Mir bidden Iech iwwert Ganzt Joer flott Themen un an wëllen Iech Chance ginn aktiv därfen mat ze schaffen,riesen Spaass an eng Verantwortung vis a vis vun eisen Déieren ze hunn. Eis Déieren mussen all Dag gefiddert an och mol gemëscht ginn,d’Eeër mussen opgeraf ginn,… an do sinn all Kanner herzlech agelueden mat ze hellefen.

Wéini sinn Visiten um Haff

  • Ganzt Joer iwwer vun Méindes bis Freides
  • Een halwen Dag
  • Een Ganzen Dag (hei kennt dir auswielen mat Mëttegiessen oder dir bréngt een Picknick mat)

Waat bidde mir Iech Visiten un?

  • Besichen, Fidderen a Mëschten vun all eisen Déieren
  • Wéi entsteet eng Gromperen a wou wuessen déi
  • Äppelzäit ass Vizzäit
  • Mir maachen Boxemännercher
  • De Wee vun der Mëllech
  • D’Hénger an hier Eeër
  • Wou kennt Woll hier
  • Vum Kär zum Brout
  • Wéi geet Eisen an der Schmëtt geklappt